Rubrik: Lëtzebuerg
Hëllef fir Haiti per SMS
21/01/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
Fir den Affer vum Äerdbiewen zu Port-au-Prince op Haiti ze hëllefen, kann ee per SMS 2 Euro spenden.

Fir den Affer vum Äerdbiewen zu Port-au-Prince op Haiti ze hëllefen, kann ee per SM 2 Euro spenden. Mat “SOS” op de Nummer 64900 gëtt automatesch en Don un Ärdbiewenaffer geschéckt.

De GIE Telecom, an deem sämtlech lëtzebuerger Opérateure wéi P&T Luxembourg, Luxgsm, Tango an Orange vertruede sinn, huet dës Aktioun an d'Liewe geruff. Deemno maache Si en Appel un hir Clientë sech generéis ze weisen. De Präis vun enger SMS kascht 0,10 Euro an dobäi gëtt dann och den Don vun 2 Euro matfacturéiert.

D'Aktioun soll nach bis den 7. Februar lafen an déi gespente Sue ginn integral un d'Nouthëllef weidergeschéckt, déi dem Neesopbau vun der Katastroferegioun notze sollen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Automobilisten am Viséier
weider liesen»
68-jäEreg Fra stierft bei Feier zu Iwwersiren
weider liesen»
En ass endlech do - den iPhone 4
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden