Rubrique : Groussregioun
Och wann de Groussdeel vun de Lëtzebuerger vill léiwer an d'Ausland akafe geet, kommen ëmmer méi Auslänner fir e klenge Shoppingtour op Lëtzebuerg. Dëst geet aus enger aktueller Étude vun TNS-Ilres ervir. Bei de Bewunner aus der Groussregioun, vun Tréier an och bei de Frontalieren ass de Grand-Duché virun allem awer duerch seng gepeffert Präisser bekannt.
Ofgesi vun Zigretten, Kaffi a Benzin ass zu Lëtzebuerg seelen eppes méi bëlleg ze fanne wéi an de Nopeschlänner. De Resultater vum TNS-Ilres no, schéngt sech de Grand-Duché awer ëmmer méi als Shoppingalternativ zu Tréier oder Saarbrécken ze entwéckelen, an dëst souguer bei deene Leit, déi net all Dag wéinst der Aarbecht op Lëtzebuerg pendelen.
Enger Étude vum lëtzebuerger Eenzelhandelsverband no, komme mëttlerweil dräi Véirel vun de Clienten am Grand-Duché aus Saarbrécken oder Tréier. Dëst op mannst eemol am Joer, e Groussdeel kënnt souguer eemol de Mount fir ze shoppen op Lëtzebuerg. Den auslännesche Clientë geet et heibäi scho laang net einfach nëmmen ëm de Wee bei déi nächst Tankstell op der anerer Säit vun der Grenz. Och frësch Liewensmëttel oder Elekroartikelen gi ganz gär elo zu Lëtzebuerg akaf.
E Verglach lount sech op alle Fall, wéinst der TVA vun 15 % si verschidde Produiten zu Lëtzebuerg tatsächlech och méi bëlleg wéi zum Beispill an Däitschland, wou d'TVA ëmmerhi bei 19 % läit.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden










News352 op facebook




