Rubrik: Welt
D'Wonner vun Haiti (mat Video)
20/01/2010, vum Sandy Schmit
You need Flash player 8+ and JavaScript enabled to view this video.
Play Pause Stop
Bookmark and Share
Hir Rettung grenzt un e Wonner. Zwou Frae konnten eng Woch nom Äerdbiewen zu Port-au-Prince lieweg aus den Trümmer gerett ginn.

Hir Rettung grenzt un e Wonner. Zwou Frae konnten eng Woch nom Äerdbiewen zu Port-au-Prince lieweg aus den Trümmer gerett ginn. D'Chance elo nach Iwwerliewender ze fannen huelen awer vun Dag zu Dag of. Bis en Dënschde sinn op mannst 72.000 Doudeger gebuerge ginn.

“Keen hätt nach un sou eng Rettung gegleeft, dass nach lieweg Affer kënne gebuerge ginn”, sou eng Retterin. 72 Stonnen, dat ass eng ganz entscheedend Zuel, duerno geet d'Wahrscheinlechkeet, nach Iwwerliewender no engem Äerdbiewen ze fannen, massiv erof. Dës 72 Stonne si no der Katastrof zu Haiti scho laang iwwerschratt. Et kann ee bei der Rettung vun den zwou Fraen duerchaus vun engem Wonner schwätzen.

E mexikanesche Retter konnt eng eeler Damm aus den Iwwerreschter vun enger Bëschofsresidenz zéien. D'Ena Zizi ass den Doktere no, dehydréiert, huet en ausgerenkten Uewerschenkel an e gebrachent Been. “Mir geet et gutt, souzesoen, ech liewen”, huet déi déifgleeweg Katholikin no hirer Rettung geruff. Hire Bouf war ausser sech vu Freed an an engem Interview erkläert, dass hien all Dag gebiet hätt, dass seng Mamm nach géif fonnt ginn.



An och eng jonk Fra konnt gerett ginn. Si loung ënnert den Trümmer vun engem Supermarché zu Port-au-Prince. Déi 25-Jäereg wier bei Bewosstsënn an et géif hir den Ëmstänn entspriechend gutt goen, sou e Retter.

Bis en Dënschden hunn eng 52 Rettungstruppe mat 1820 Leit mat 175 Hënn insgesamt 90 Mënsche lieweg gebuergen. Nach ëmmer wiere vill Iwwerliewender ënnert den Trümmer, d'Rettungsleit hätten souguer mat hinne kéinte schwätzen. Onkloer ass awer, wéi laang d'Mënsche nach aushalen.

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Kee Spritt méi a Griicheland
weider liesen»
15 Milliarde Finanzhëllef fir Ukraine
weider liesen»
Millioune Mënschen a China ouni Drénkwaasser
weider liesen»
Videogalerie
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden