Rubrik: Groussregioun
D'Deutsche Bahn dementéiert d'Annulatioun vun der zweeter Zuchstreck Tréier-Lëtzebuerg zwar nach, Medieberichter no, besteet un der Décisioun awer keen Zweiwel méi. DE geplangten Ausbau vun der Streck Tréier-Lëtzebuerg ass gestoppt ginn an och aner Projete sinn einstweilen op Äis geluegt ginn.
Nach virun e puer Wochen hat et duerno ausgesinn, wéi wann de Projet Zuchstreck Tréier-Lëtzebuerg nëmme nach eng Fro vun Zäit wier. Bis 2012 sollt nämlech eng zweet Zuchverbindung tëscht Igel a Waasserbëlleg.
Elo soll den Ausbau awer net zustane kommen, op mannst emol déi nächsten 15 Joer net. Medieberichter no, wieren d'Finanzéierungspläng net bis 2025 ze realiséieren, sou d'Grënn vum Stopp. Donieft hätt en zweegleisegen Ausbau tëscht Tréier a Lëtzebuerg kee wirtschaftleche Notze méi an d'Käschte géifen och nach däitlech méi héich ausfalen, wéi ursprénglech virgesinn. Lëtzebuerg hat zudeem och betount, sech net un de Käschte beim Bau vun engem zweete Gleis ze bedeelegen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CFreiden
7°CSamschden
6°CSonnden



News352 op facebook




