Rubrik: Lëtzebuerg
D'Gewerkschaften hunn e Méinde confirméiert, et wier éischter onwahrscheinlech, dass InBev eng lëtzebuerger Solutioun am Fall Dikrecher accordéiert. Beim Zesummentreffen tëscht de lëtzebuerger Gewerkschaften mat AB InBev ass et nämlech däitlech ginn, dass déi belsch Brauereigrupp net vun hirem Plang d'Brauerei zu Dikrech zouzemaachen, wëll ofwäichen.
De Carlo Wagener vum LCGB huet erkläert, dass sech d'Direktioun vun InBev kloer fir eng Fermeture ausgeschwat huet a si de Site vun der Dikrecher Brauerei fir hir Zwecker wéilt notzen. Et kéint deemno schwéier fir d'lëtzebuerger Regierung ginn un de Verhandlunge festzehalen an de belsche Grupp zu engem Verkaf ze bewegen.
Natierlech wier sech InBev duerchaus bewosst, dass déi lëtzebuerger Béiermark “Dikrecher” u Maartundeeler verléiert, wat awer an hirer Décisioun keng gréisser Roll spillt. Si wéilten an d'Mark investéieren, Detailer sinn awer o där Plaz keng genannt ginn. Eréischt um Enn vun der Woch wëll InBev genee Pläng fir Dikrecher presentéieren.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




