Rubrik: Lëtzebuerg
An engem Interview mat news352 huet de Frédéric de Radigues, Generaldirekter vun der Bofferding Brauerei, kloergestallt, dass duerchaus nach Interessi um Kaf vun der Dikrecher Brauerei besteet.

An engem Interview mat news352 huet de Frédéric de Radigues, Generaldirekter vun der Bofferding Brauerei, kloergestallt, dass duerchaus nach Interessi um Kaf vun der Dikrecher Brauerei besteet. D'Brasserie nationale war en Donneschden bei den Diskussioune mat InBev als méigleche Keefer vun der Dikrecher Béiermark an de Produktiounsanlagen an d'Gespréich komm.

De Frédéric de Radigues huet news352 matgedeelt, dass en Interessi un der Dikrecher Brauerei schonn zanter Joere bestoe géif, ma éischt Kafverhandlunge mat InBev wiere viru sechs Méint awer net zustane komm. Den Ament géif dann och nach kee konkrete Kontrakt tëscht Bofferding an InBev bestoen, fir sou eng Décisioun géif de Kafinteressi vu Bofferding och net duergoen.

“Fir en Tango ze danzen, braucht et schliisslech och Zwee”, beschreift de Frédéric de Radigues d'Situatioun. Weider Décisiounen a Verhandlungen zum Thema Dikrecher Brauerei ginn, dem Bofferding-Direkter no, elo vun der Regierung weidergefouert.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Automobilisten am Viséier
weider liesen»
68-jäEreg Fra stierft bei Feier zu Iwwersiren
weider liesen»
En ass endlech do - den iPhone 4
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden