Rubrik: Lëtzebuerg
Dikrecher Béier soll zu Dikrech bleiwen an dofir setze sech net nëmmen elo d'Gemeng Dikrech an d'lëtzebuerger Regierung an, och d'Lëtzebuerger wëllen hire Béier am Land halen. De René Liltz, de Secrétaire vun der Gemeng Dikrech, huet am Gespréich mat news352 erkläert, dass duerchaus verschidde Léisunge kënnen an uecht geholl ginn, awer nach näischt kann definitiv diskutéiert ginn ass.
De René Liltz ka novollzéien, dass d'Leit rose sinn iwwert d'Décisioun d'Dikrecher Brauerei zou ze maachen, besonnesch d'Leit an der Regioun hunn dofir kee Versteesdemech. D'Initiative op Facebook “Mir Lëtzebuerger kafen d'Dikrecher Brauerei op” ass senger Meenung eng denkbar Léisung, ma d'Grënner musse bedenken, dass et hei net nëmmen ëm e lëtzebuerger Produit geet. “Et ass net nëmmen d'Produktioun, hei geet et och ëm Konzessiounen, de Marketing an déi sougenannten Abnehmer, dëst muss alles beduecht ginn”.
De Jacques Dahm, Buergermeeschter vun Dikrech huet news352 confirméiert, dass Bofferdéng um Kaf vun der Dikrecher Brauerei interesséiert ass. "Virun zwee Joer ass dës Diskussioun schonn eng Kéier opkomm, ma do huet InBev awer nach e Wuert matzeschwätzen", sou den Jacques Dahm am Gespréich. Donieft wier awer och d'Diskussioun opkomm, dass wann et keng Léisung gëtt d'Dikrecher Brauerei ze erhalen, d'Brauerei de Numm misst ofginn. An anere Wieder, wann den Dikrecher Béier net méi zu Dikrech produzéiert gëtt, soll och de Numm net weider genotzt ginn.
Den Dikrecher Buergermeeschter huet an deem Kontext, d'Direktioun vun der Brauerei kontaktéiert, fir ze froen ob de Numm Dikrecher iwwerhaapt rechtlech geschützt ass. D'Brauerei hätt op dës Nofro mol net äntwere kënnen. Dëst wier awer net weider verwonnerlech, schlisslech setzen d'Haaptchefe vum Dikrecher Béier jo net zu Lëtzebuerg, mä am Ausland. "Fir déi ass d'lëtzebuerger Produktioun vum Dikrecher eng Drëps op de waarme Steen am Verglach mat der Produktioun am Ausland", sou den Jacques Dahm weider.
De lëtzebuerger Wirtschaftsminister Jeannot Krecké wäert sech dann och dësen Donneschden mat der Vertrieder vun der Firma InBev treffen, fir iwwert d'Zukunft vun der Dikrecher Brauerei an den 63 Mataarbechter, déi hir Plaz solle verléieren, ze diskutéieren. De Aarbechtsminister Nicolas Schmit schwätzt an deem Kontext och vun enger industrieller Léisung, fir d'Aktivitéit an d'Plaze vun der Brauerei zu Dikrech ze erhalen. Déi nei Besëtzer vun der Brauerei, InBev, wäerten dann och a nächster Zäit e Virschlag ënnerbreeden.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




