Rubrique : Groussregioun
Mutmaßleche Kannerschënner gesteet
04/01/2010, par Sandy Schmit / AFP
Imprimer cette news Bookmark and Share
En entlarwte Kannerschënner, nodeems hie Sex-Videoen an den Internet gesat hat, huet virum Tréierer Landgeriicht e Geständnis ofginn.


Den 38-Jäeregen huet zouginn, tëscht 2002 an 2009, fënnef Jonge mëssbraucht ze hunn, déi hien an engem Turnveräin kennegeléiert hat. Hien hat sech no enger ëffentlecher Fahndung gestallt. Ënnert den Affer sinn déi haut eelefjäereg Zwillingsbridder aus der Eifel, déi den Ugekloten tëscht 2005 an 2008 op mannst eelef Mol viru lafender Kamera mëssbraucht soll hunn. D'Opname sinn da spéider an enger Internet-Tauschbourse opgedaucht an haten dowéinst och d'Ermëttlungen un d'Lafe bruecht.

De Procureur générale an d'Police hate vergaangenen August Deeler aus de Sex-Videoen verëffentlecht, dëst och an der ZDF-Sendung “Aktenzeichen XY ungelöst”. Dobäi hat d'Mamm vun de Zwillingen den Ugekloten an hir deemoleg Wunneng erkannt. Duerch den Drock vun der ëffentlecher Fahndung hat sech den Ugeklote schliisslech gestallt.

De Prozess virum Tréierer Landgeriicht ass elo op Mëtt Februar festgesat ginn. An engem separaten Ermëttlungsverfahren gëtt gepréift, ob de Mann méiglecherweis weider Kanner a Jugendlecher aus anere Veräiner, bei deenen hie geschafft hat, mëssbraucht huet.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Eenheetleche Präis beim Bus transfrontaliers
weider liesen»
Opgepasst akut Gefor duerch Homejacker!
weider liesen»
Tréier: 13-Jäeregen schléit Sans-abris hallef dout
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden