Rubrik: Stock
Kluge vum FC Nürnberg wiesselt zu Schalke
04/01/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share


“Mir sinn eis eeneg”, sou de Club-Sportsdirekter Martin Bader e Méinden am Trainingslager am tierkesche Belek. D'Zomm fir den 29-jäerege Spiller ofzeléisen, soll bei 1,5 Millioune leien. Spéitstens en Dënschde soll de Kluge elo am spuenesche Ciclana de Frontera ukommen.

De Peer Kluge gelt als Wonschspiller vum Schalke-Trainer a Manager Felix Magath. De neien Nürnberger Trainer Dieter Hecking hat den Transfert eng éischte Kéier refuséiert. “Bei der éischter Präisoffer vu Schalke hat ech nach gelaacht, ma elo ass et zu enger wirtschaftlecher Gréisst komm, an dat huet mech zum nodenke bruecht”, erkläert den Hecking.

Schalke huet seng zweet Offer nach eng Kéier erhéicht, confirméiert och de Bader an den FC Nürnberg kann d'Suen den Ament gutt gebrauchen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Claudio Dos Santos Aguiar ass vermësst
weider liesen»
Kluge vum FC Nürnberg wiesselt zu Schalke
weider liesen»
Neien Drock op d'Bankgeheimnis
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
6°C
Sonnden
5°C
Méinden
5°C
Dënschden