Rubrique : Groussregioun
Scheinbar hätt den SNCF ugedeit, dass d'ICE-TGV-Zuchverbindung vu Paräis iwwer Saarbrécken bis op Frankfurt ab 2014 eventuell net méi interessant genuch wier. E Grond wier, well ab 2014 nämlech déi nei Streck iwwer Stroossbuerg fäerdeggestallt ass. Reesender vu Paräis wieren och iwwer Stroossbuerg genee sou séier zu Frankfurt, wéi iwwer Saarbrécken.
Et géif een awer verwonnert bei der SNCF-Zentral reagéierten am Kontext zum aktuelle Gerücht. Et géife keng Pläng virleien, nëmme nach iwwer Stroossbuerg ze fueren, sou eng Spriecherin vun der SNCF. Et kéint een donieft och mol guer net beuerteelen, wéi vill Leit a véier oder fënnef Joer dës Zuchverbindung notzen.
Och d'Deutsche Bahn weist d'Gerüchter zeréck, d'Zuchverbindung hätt bis elo ëmmer vill Succès gehat an hätt d'Erwaardungen, zanter dem éischten Zuch virun zwee Joer a Betrib geholl gi wier, däitlech iwwertraff.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




