Rubrik: Groussregioun
Clienten sollten de Modell “Leopard” op kee Fall méi benotzen an de Kannerstull an eng vun den Ikea-Filialen zeréckbréngen, huet d'Firma en Dënschden erkläert. De Akafspräis géif natierlech rembourséiert ginn. De Grond fir dës Réckruffaktioun wier d'Gefor, dass eng Fixatioun kéint ofbriechen, déi de Sëtz mat der Rumm vum Stull verbënnt. Wann dëst geschitt, kéinten d'Kanner eroffalen a sech uerg um Kapp oder anere Kierperdeeler blesséieren.
Dem Ikea leien den Ament eelef Fäll vir, wou dës Fixatioun ewechgebrach war. Bei engem weidere Fall wier de Sëtz zesumme mam Kand duerch d'Rumm vum Stull gefall, sou dass d'Kand sech d'Been geprellt hätt. D'Firma entschëllegt sech offiziell fir d'Mängel. De Kannerstull Leopard war am Oktober eréischt an den Handel komm an zënterdeem weltwäit knapp 5500 Mol verkaaft ginn, sou eng Ikea-Spriecherin zu Stockholm. De Verkaf wier awer elo direkt gestoppt ginn.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
7°CSamschden
6°CSonnden
5°CMéinden



News352 op facebook




