Rubrik: Groussregioun
Immobilieboom duerch héich Päisser zu Lëtzebuerg
15/12/2009, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share


De Kafpräis vu Wunnenge sinn an de vergaangen dräi Joer bundeswäit gefall, sou den Online-Immobilieportal “Immowelt” e Méinden zu Nürnberg. An 54 vun 81 Stied mat méi wéi 100.000 Awunner wier de Kaf vu Wunnenge méi bëlleg ginn. An 18 Groussstied bleiwen d'Präisser dogéint onverännert an a 9 Gemenge sinn d'Präisser an d'Luucht gaang.

Dëst zum Beispill zu Tréier, wou eng Hausse vun 12 % op duerchschnëttlech 1859 Euro pro Quadratmeter notéiert ginn ass. Och wat de Loyer betrëfft, sinn zu Tréier d'Präisser an de vergaangenen dräi Joer ëm 8 % op duerchschnëttlech 7,10 Euro pro Quadratmeter an d'Luucht gaang.

Spëtzereider ass do awer nach Bremerhaven mat enger Hausse ëm 26 % an engem duerchschnëttleche Quadratmeterpräis vun 912 Euro. Donieft awer och nach München mat 3514 Euro (+ 5 %), Kiel mat 1320 euro (+ 4 %) a Mainz mat 1797 Euro (+ 3 %).

Domat bestätegt sech den Trend, dass den Immobiliemarché an der Regioun virun allem an der Géigend vum Grand-Duché klëmmt. Lëtzebuerg ass eent vun den deierste Länner an Europa an den Effekt vun enger Hausse an der Nofro op de Wunnengsmarché an der Regioun Tréier wäert sech weider fortsetzen.
 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Lëtzebuerg a Saarland wëllen eng séier Mobilitéitsinitiative
weider liesen»
Fransous mat lëtzebuerger Auto 206 Mol geblëtzt
weider liesen»
Siemens-Mataarbechter hale Manager gefaangen
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
6°C
Freiden
7°C
Samschden
6°C
Sonnden