Rubrique : Stock
De schwedesche Virsëtz huet den EU-Finanzministeren e Mëttwoch en Auswee aus dem Sträit ëm de sougenannte Steierpak opgezeechent. Lëtzebuerg an Éissträich missten awer fir d'éischt zu engem automateschen Informatiounsaustausch wiesselen, wann och d'Schwäiz säi Bankgeheimnis opgëtt.
Zanter Méint géife Lëtzebuerg an Éissträich bannent der EU ënner anerem e Bedruchsofkommen mat Lichtenstein an e Mandat fir Verhandlunge mat aneren Drëttstaaten wéi der Schwäiz blockéieren. Am Bedruchsofkommen géif den Informatiounsaustausch op Ufro e normalen a flächendeckend Standard ginn. Fir béid Länner besteet eigentlech kee Grond sech séier mussen ze décidéieren, well Si d'Bnakgeheminis opginn an sou wéi sämtlech aner EU-Memberstaaten automatesch zum Informatiounsaustausch wiessele mussen.
D'Propose vum schwedesche Virsëtz gesäit do awer eng Ännerung vir. Lëtzebuerg an Éissträich mussen déi nei Steier- a Bedruchsofkommen fir d'éischt ratifizéieren an a Kraaft setzen, wann Drëttstaaten wéi d'Schwäiz, no engem Iwwergangsdélai, zu engem automateschen Informatiounsaustausch ze wiesselen zoustëmmt.
D'EU-Finanzministeren hunn hir Décisioun bis Januar verréckelt. Eréischt dann dierft kloer ginn, ob Lëtzebuerg an Éissträich de Steierpak acceptéieren. Wa béid Länner hiren ok ginn, dierft eng Ufro un d'Schwäiz fir en automateschen Informatiounsaustausch net laang op sech waarde loossen. Fir de Luc Frieden steet awer fest, dass dës Mesure sech ëm en internationale Standard handelt, deen d'Schwäiz an och Lëtzebuerg iwwerhuele wäerten. “Mir sollte bannent Europa keng aner Regelen opstellen, déi als Suite hunn, dass Kapital an Asien fléisst”, erkläert de lëtzebuerger Finanzminister.
Eng Eenegung hunn d'EU-Finanzministeren awer iwwert déi nei europäesch Finanzmaartopsiicht erzielt. Déi nei Autoritéit soll grenziwwerschreidend Banken, Assurancen a Wäertpabeierhandel iwwerwaachen. Fir Groussbritannien war d'Iddi vun enger europäescher Opsiicht op der Finanzplaz London méi schwéier ze verkraften. An och Däitschland huet gewarnt, dass d'EU-Opsiicht net alleng iwwer eventuell deier Suitë fir eenzel Memberstaaten dierft décidéieren.
De Kompromëss gesäit dofir verschidde Sécherheete vir, bei där sech national Regierungen och géint eng Décisioun vun der Opsiicht wiere kann. Si kënnen deemno d'Décisioun vun der europäescher Opsiicht den EU-Finanzministeren virleeën, déi da mat enger Majoritéit dofir oder dogéint stëmme muss. A Krisenzäiten ass eng weider Moossnam virgesinn. Ass e Land zum Beispill mat der Rettung oder Fermeture vun enger Bank onzefridden, kann dëst Land de Fall un d'Staats- a Regierungschefe weiderginn.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




